|
Soziale Projet a Kolumbien |
|
De Projet, deen de Centre de Pastorale des Jeunes dëst Joer ënnerstëtzt, ass a Kolumbien, fir genee ze sinn zu Bagado am Departement Choco.  |
|
weiter …
|
|
|
International theologesch Fachtagung zum Thema vun de JMJ 2011: 19-21. Mäerz 2010 |

"Verwurzelt in Christus und gegründet auf Ihm, fest im Glauben" (vgl Kol 2,7) ass d'Thema vun der JMJ 2011 zu Madrid a Spuenien.
D'Konferenz fänkt de 19. Mäerz ëm 18 Auer un an dauert bis den 21. Mäerz ëm 14 Auer. Adress: Hotel Koener an der Grand-rue zu Klierf. Präis: 50 Euro ouni Iwwernuechtung, tëscht 90 an 132 Euro mat Vollpensioun.
Opgepasst! Eng Umellung as weiderhin méiglech!
Dës theologesch a katechetesch Tagung adresséiert sech un all déi Leit, déi sech aktiv un der Préparatioun vun der JMJ bedeelegen. Folgendes steet z.B. um Programm: dWeltjugenddagsthema aus der Siicht vun der Bibel, d'Weltjugenddagsthema als Impuls fir eis pastoralt Handlen a praktesch Emsetzméiglechkeeten vum Thema.
|
|

De Samschdeg, 27. Februar ëm 19 Auer: Jugendmass um Belair
De Sonndeg, 28. Februar ëm 19 Auer: Jugendmass zu Esch St Joseph
|
|
|
Ökumenesche Kierchendag zu München: 12.-16. Mee 2010 |

Vum 12. bis de 16. Mee treffen sech Chrëschten aus Däitschland an aus anere Länner um 2. Ökumeneschen Kierchendag zu München fir hire Glaf zesummen ze feieren, fir auszetauschen a vunenaner ze léieren.
Lëtzebuerg mecht och mat an organiséiert eng Rees op München.
Präis: 120 Euro fir Jonker a 600 Euro fir Erwuessener. Opgepasst: Umellunge sin elo bis den 1. Februar méiglech!
Den Dépliant: recto a verso. |
|
|