Route Echternach 2012: “… einfach stark …”

Auch in diesem Jahr findet vom Pfingstmontag auf den darauffolgenden Dienstag (28./29. Mai 2012) die Route Echternach mit anschließender Teilnahme an der Echternacher Springprozession statt. Das diesjährige Motto lautet „Einfach stark“.

Die Route Echternach ist schon seit vielen Jahrzehnten ein Ereignis für viele Jugendliche und junge Erwachsene.

  • Gemeinsam durch die Nacht wandern!
  • Austausch, Anregung, Alltag ablegen!
  • Die Sonne aufgehen sehen!
  • Jugendgottesdienst, Frühstück, Locker in den Tag starten und dann als Highlight: die Springprozession.

Die Route Echternach steht ganz im Zeichen unserer Verbundenheit in der Euregio. Von den unterschiedlichsten Orten in der Euregio geht es los. Unsere Pilgerstrecke hat, so wie alle Pilgerstrecken aus der Euregio ein Ziel: Echternach.

Zum Ablauf:
Es geht am 28.5. abends um 0:30 Uhr los. Veillée in der Kapelle Scheidgen, (Gemeinde Consdorf). Gemeinsam mit Jugendlichen aus Luxemburg, Deutschland, Frankreich findet um 5:15 Uhr eine Messe in der Basilika in Echternach statt. Sie wird von Jugendlichen gestaltet.

Zeit zum Ausruhen gibt es in der kleinen Halle in Echternach. Dort ist auch für heiße Getränke (Kaffee und Tee) gesorgt; Brötchen und Croissants können gekauft werden.

Um 9:00 Uhr nimmt die Gruppe Aufstellung im Abteifreihof zur Teilnahme an der Springprozession.

Hinweis: Für die Heimfahrt muss jede/r  selbst  sorgen.

Bitte denkt an…

  • Taschenlampe
  • festes Schuhwerk
  • warme Kleidung für die Nacht
  • für die Springprozession: weißes T-Shirt/Hemd, weißes Tuch (wird auch in der Sporthalle verkauft), Sonnenbrille
  • Becher oder Tasse für Kaffee/Tee
  • für weitere Verpflegung bitte selber sorgen

Wichtig: nur angemeldete Pilgergruppen können mit der Euregiogruppe springen!

Gruppen können sich bei Daniela Steil anmelden.

Mindestalter zur Teilnahme ist 16 Jahre.

Veröffentlicht unter Invitatioun | Kommentare deaktiviert

Jugendmassen an der Kathedral

D’JMJ steet virun der Diir! Am Juli 2013 fuere mäer op Rio de Janeiro.

Déi eng si schon décidéiert fir matzefueren, déi aner sin nach um Iwwerléen. Sou eng Rees wëll virbereed sin: do geet et nët duer fir nëmmen d’Valis ze paken! Dofir invitéiert den Häer Äerzbëschof all Jonker – an all déi, déi jonk bliwwe sin – fir zesummen d’Jugendmassen an der Kathedral ze feieren.

  • Wien sech mam Häerz op de Wee a Richtung Rio aloosse wëll,
  • wien einfach e puer Momenter am Gespréich mam Härgott verbrénge wëll,
  • wien sech vun der Begeeschterung vun aner Jonken ustieche loosse wëll,

deen as häerzlech wëllkomm bei de Jugendmassen an der Kathedral. Déi läescht R.-V.ën fir dëst Joer sinn:

Freiden, den 18. Mee ëm 19:00 Auer
Mëttwoch, den 20. Juni ëm 19:00 Auer

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

12. Mee: Run4Unity

Hei kann een den Dépliant mat allen Informatiounen roflueden!

Veröffentlicht unter Invitatioun | Kommentare deaktiviert

Auf den Spuren des Camino de Santiago

Eine Wanderung für Jugendliche im 3-Ländereck Belgien-Deutschland-Luxemburg

Wann: Mittwoch 16. Mai Abends bis Sonntags 20. Mai nachmittags

Anmeldung und Infos:
Centre de pastorale des Jeunes
Werner Michels
werner@jugendpastoral.org
Tel.: 621319033

Veröffentlicht unter Invitatioun | Kommentare deaktiviert

Denk drun! Eis Rees op Assisi

Et hu sech genuch Leit ugemellt, fir datt eis Rees op Assisi op alle Fall stattfanne wäert. Et wäer awer schéin, wa sech nach méi Leit fanne géifen, déi sech un dëser Rees bedeelegen.

Dofir: mell Dech bis den 31. Mee un a maache dem Summer op d’Spure vum Hl. Franziskus!

Am Summer bidd de Centre de Pastorale des Jeunes eng Pilgerfahrt un op Assisi. Op dëser Plaz huet den Hellege Franziskus den Uerde vun de Franziskaner gegrënnt. Mir besichen zesummen e puer Stied an der Toskana, entdecken historesch a kulturell Siten, wäerten zesumme Spaass hunn an italiéinesch Liewensmanéier kenneléieren an och Zäit fir Austausch, Gebiet a Gottesdéngschter fannen.

De geplangte Programm

Mir fuere moies de 16. August vun der Stat aus fort a kommen am spéide Nomëtten zu Assisi un. Op der Plaz entdecke mir Assisi op de Spure vum Liewe vum Hellege Franziskus a vun der Helleger Klara.
E puer Deeg si mat Ausflich op Perugia a Siena verplangt. Den 23. August fuere mir moies zu Assisi fort a ginn op Florenz fir do de läeschten Dag ze verbréngen. Duerno fuere mir duerch d’Nuecht nees heem op Lëtzebuerg, wou mir de 24. August moies ukommen.

Weider Informatiounen kënnt Dir hei roflueden (ronn 700 kB).

Fir all weider Froën kënnt Dir d’Elke Grün kontaktéieren.

Veröffentlicht unter Invitatioun | Kommentare deaktiviert

wat ass d’JMJ?

1986 huet de Poopst Jean-Paul II d’Journées Mondiales de la Jeunesse (JMJ) an d’Liewe geruff. All zwee bis dräi Joër sinn déi Jonk vun der ganzer Welt invitéiert, fir op enger Plaz zesummenzekommen. Déi läescht grouss Treffen waren zu Köln (2005), Sydney (2008) a Madrid (2011).

Fir de Summer 2013 invitéiert de Poopst Benoît XVI. déi Jonk op Rio de Janeiro (Brasilien). Eng Millioun Jonker wäerte sech op de Wee maachen an aus der JMJ e Fest vum Glawen a vun der Freed maachen.

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

den Datum vun der JMJ

De Programm steet nach nët bis an den Détail fest. Eenzel Aktivitéiten an och den Datum vun der Rees kann nach äenneren. Hei awer mol de viraussichtlechen Oflaf:

14. Juli 2013: Départ fir op Campo Limpo (an der Géigend vu São Paolo)

15.-18. Juli: Programm zu Campo Limpo mat der Sr. Nelly Boonen

19.-22. Juli: Journées en diocèse zu Maringá

23.-28. Juli: offiziell JMJ zu Rio de Janeiro

29. Juli: Retour fir op Lëtzebuerg

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

der Preis ist heiß!

Lo ass et eraus: d’Participatioun fir un der JMJ deelzehuelen läit bei 1.200 Euro.

Den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich invitéiert déi Jonk fir sech mat him op de Wee ze maachen, fir eng frou an dynamesch Kierch ze erliewen. Fir datt méiglechst vill Jonker dës Invitatioun unhuele kënnen, versiche mäer fir d’Participatioun un der JMJ (mat Rees, Programm, Iessen an Openthalt) fir 1.200 Euro unzebidden. Dëse Präis deckt awer bei wäitem net déi tatsächlech Käschten a kann dowéinst och net méi reduzéiert ginn.

Et kascht vill Ustrengungen, fir d’Rees méiglechst ville Jonken zu dësem Präis unzebidden. Dofir gi mir dovun aus, datt déi Leit, déi matginn, sech fir de ganze Programm vun der JMJ interesséieren a sech och bei der Preparatioun engagéieren, andeems si (op d’mannst) un engem Virbredungsweekend deelhuelen.

Mir sinn op d’Generositéit vu ganz ville Leit ugewisen. Maacht
Reklamm, fir datt si déi Jonk ënnerstëtzen. Organiséiert Aktivitéiten an Ärem Parverband! Sicht Pätteren a Giedelen, déi déi Jonk ënnerstëtzen!

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

La Voix/e

“La voix”? oder awer “la voie”?

Dës Zweedäitegkeet ass duerchaus gewënscht. “La voix/e” ass den Numm vun engem Grupp Jonker, déi sech op de Wee gemeet hunn:

  • als Frënn komme si zesummen,
  • verdéiwen hire Glawen
  • an animéieren mat hirem Gesank Jugendmassen.

De Grupp ass op fir all Jonken, dee Freed um Sangen huet. Du bass interesséiert? Da mell Dech beim Valdemar. Demnächst fënns Du op dëser Säit nach d’Datumer vun de Proufen.

 

Veröffentlicht unter Invitatioun, JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

Mailinglëscht

Wanns Du regelméisseg déi aktuell Informatiounen ronderëm d’JMJ als Email kréie wëlls, dann dro Dech w.e.g. hei op der Mailinglëscht an:

Email:

Merci fir Däin Interessi!

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

Lëtzebuerg goes JMJ op google+ a facebook

Endlech! Facebook wëll fit ginn fir d’Bourse an ass lo op der Héicht vun der Zäit!

Et gëtt eng eege Säit Lëtzebuerg goes JMJ – si wäert an den näechste Wochen nach wuessen.

an natierlech gëtt et datselwecht nach eng Kéier op google+

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

Préparatioun op d’JMJ

  • Mat de Jonken feiert de Bëschof ongeféier all Mount eng Mass an der Kathedral. Den Datum fënnt een um Site vun der Jugendpastoral. Dëst ass gudd Geléigenheet, fir sech op d’JMJ anzestëmmen. E Grupp vu Jonker, déi mat op d’JMJ 2011 waren préparéiert dëst Mass. Hei kann ee sech gäer nach uschléissen.
  • D’musikalesch Animatioun gëtt vum Grupp „La voix/e“ iwwerholl. Dëse Grupp ass fir all Jonken, dee matsange wëll, op.
  • Fir Responsabel gëtt vum 12. bis de 14. Oktober zu Peltre (an der Géigend vu Metz) eng Konferenz organiséiert zum Thema vun der JMJ.
  • Vum 23. bis de 25. November ass en Treffe vu Jonken aus der Euregio zu Kyllburg (D).
  • Op der Pafemillen treffen sech déi Jonk aus Lëtzebuerg vum 18. bis den 20. Januar mat hire Responsabel zu engem Virberedungsweekend.
  • E läeschte Virbredungsweekend – fir Jonker a Responsabel – wäert vum 3. bis de 5. Mee zu Clairefontaine sinn.
Veröffentlicht unter Invitatioun, JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

wien ka sech umellen?

  • all Jonken tëscht 16 an 30 Joër, dee sech op de Programm vun der JMJ deelhuele wëll
  • Doriwwer eraus sinn natierlech all Responsabel, déi e Grupp Jonker begleden häerzlech wëllkomm, och wa si scho méi laang jonk sinn.
Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert

Film iwwert d’JMJ 2011

De Michel huet e Film gemeet mat schéinen Andréck vun der JMJ 2011 zu Madrid. Kuck Däer en un a looss Dech vun der Begeeschterung fir d’JMJ ustiechen.

Merci, Michel!

http://www.youtube.com/watch?v=AG8ol7ffidQ

Veröffentlicht unter JMJ 2013 | Kommentare deaktiviert